Deng ganzheetlech eent zu eent Doula Begleedung duerch Schwangerschaft, Gebuert, Postpartum an däi FraSinn

Säit 2013 begleeden ech zu Lëtzebuerg als Doula Elteren op hirem Wee zu enger erfëllender a selbstbestëmmter Schwangerschaft, Gebuert, Postpartumszäit an am FraSinn.

Ech hu 4 wonnerbar Jongen an dës Welt gebuer an hunn u mengem eegene Kierper d'positiv Effekter vum Hypnobirthing dierfte spieren.

Ech war sou begeeschtert dat ech 2013 d’Hypnobirthingausbildung gemaach hunn, a saitdeems sinn vill aaner Formatiounen dobai komm, ënnert Anerem Therapeutesch Fraëmassage, Rebozo Massagen a Ritualer, Droberodung (Trageschule Hamburg), Schwangerschafts a Postpartumyoga, Forest bathing (a Formatioun), Humanistësch Hypnose, an dei sëlleg Stonnen vu klenge Weider-Fortbildungen.

An do ass mäin Doula Wee ugaang… eng grouss Passioun, di säitdeem net méi opgehalen huet.

Ech fille mech an déiwer Connectioun mat der Natur a mengen Instinkter. Ech lauschteren ëmmer op mäin Häerzgefill dat mir déi richteg Richtung am Liewe weist.

Dëst déift Vertraue wëll ech mat menger Aarbecht och an deene Fraen erwächen déi ech begleeden dierf.

Ech reesen immens gären an eng weider Passioun ass et mäin eegent Geméis unzebauen.

Asëch passionéiert alles mech wou ech ka mat Bewonnerung nokucke wei et wiisst, esou perfekt, an Harmonie mat der Natur.


MENG BEGLEEDUNGE FIR DECH

  • DENG SCHWANGERSCHAFT

    -Hypnobirthing am Eenzel oder Gruppecour ab 480€

    -TFM (Therapeutesch Fraemassage) 130€

    -Rebozo Massagen 130€

    -Droberodung ab 65€

    -Schwangerschaftscoaching ab 65€

    -Blessingway ab 220€

    -Eenzelretraite inklusiv Hypnobirthing (2 Wochen) ab 990€

    -Schwangerschaftsyoga ab 15€

  • DENG GEBUERT

    Gebuertsbegleedung (net medezinesch) bei dir doheem, am Spidol oder am Gebuertshaus mat Ruffbereetschaft 24/7 ab der 37. Woch bis 42. Woch

    (Méiglech am komplette Package mat Gebuertsfirbereedung, Gebuertsbegleedung a Postpartumbegeleedung)

    ab 550€

  • DAI POSTPARTUM

    -Rebozo Schliessungsritual (mat 4 Hänn Massage, Bidde mat Kraider, Zouzéien mat de Rebozodicher) zesumme mam Natascha-Doula 420€

    -Mini Schliessungsritual (Bauchmassage an Zouzéie mat de Rebozodicher) 190€

    -Heilbad (Ritual fir eng traumatesch Gebuert ze verschaffen) 170€

    -TFM (Therapeutesch Fraemassage) 130€

    -Postpartumdoula fir dech an dengem Wochebett ze ënnerstëtzen (fir dech kachen, dech an denger Stëllzait ze ënnerstëtzen, deng Wäsch ze maachen, dir eng Stäip ze bidden ) ab 130€

    -Droberodung ab 65€

  • DENG MASSAGEN & RITUALER & RETRAITEN

    -Hypnose Séance (och ausserhalb vu Schwangerschaft a Kannerwonsch) 140€

    -Rebozo Schliessungsritual zesumme mam Natascha-Doula 420€

    -Rebozo Massage 130€

    -Blessingway ab 220€

    -TFM (Therapeutesch Fraemassage) 130€

    -Reiki ab 60€

    -Retraite sur Mesure (Prais op Ufro)

    -Eenzelretraite inklusiv Hypnobirthing (2 Wochen) ab 990€

    -Fraekreesser

    -Forest bathing (a Formatioun)

HypnoBirthing Birth

nächst Daten 2025:

  • Aschréiwunge sinn op!

    16.03.2025

    23.03.2025

    30.03.2025

    06.04.2025

    27.04.2025

    vun 10h00-12h30

    (et ass 1 Datum dobai dee fir dech net passt? Deel mir et einfach mat a mir kucken zesummen am Grupp fir en aaneren amplaatz ze leen)

    E komplette Gebuertsfirbereedungscour mat Hypnose, Entspanungstechniquen, Otmungen, vill Wessen iwert dai Kierper an d'Gebuert, Angschtopléisung, Gebuertsprojet ausschaffen, etc

    live iwer Zoom gemittlech vun doheem um Canapé!

    480€/Mamm oder Koppel

  • Aschréiwunge sinn op!

    1. Mee

    15. Mee

    22. Mee

    29. Mee

    05. Juni

    18h00-20h00

    E komplette Gebuertsfirbereedungscour mat Hypnose, Entspanungstechniquen, Otmungen, vill Wessen iwert dai Kierper an d'Gebuert, Angschtopléisung, Gebuertsprojet ausschaffen, etc

    live iwer Zoom gemittlech vun doheem um Canapé

    480€/Mamm oder Koppel

  • Dauer: 2 Stonnen iwer Zoom

    -Otemtechniquen

    -Visualisatiounen

    -Entspanungstechniquen

    ideal fir kuerz a knackeg Techniquen a Vertrauen fir deng Gebuert mat op de Wee ze kreien.

    Awer och falls du mol wells an d'Hypnobirthingwelt eraschnupperen iers du dech an de grousse Cour aschreiws (du kriss dei 60€ guddgeschriwen op en Hypnobirthingcour)

    60€/Participant (am Grupp)

  • •Mir schwätzen zesummen iwert d'Mythen a Fakten ronderem dei besonnëg Zait vum Postpartum

    •Eierlëch Wieder, zu deem wat dech an der Zait no der Gebuert erwarden kéint

    •Deng Besoin'en a wei se kënnen erfëllt ginn

    •Wat's du elo schon "en Amont" kanns firbereeden fir dai Postpartum esou Smoothe ewei méiglech ze gestalten

    •a wei emmer Entspanungstechniken, well si de Schlessel zu dengem Nervesystem sinn, an esou och zu dengem Wuelbefannen

    ❓WEINI 8. Abrëll 18h00-19h30

    ❓WOU iwer Zoom op dengem Canapé

    ❓WEIVILL 70€/Mamma-Koppel

  • Austauschkreess iwer Temperaturmethod

    d'Inscriptioune fir de nächste Kreess sin op. Mir leen de nächsten Datum zesumme am Grupp fest.

    Dee Kreess ass fir dech wanns du wells:

    ✨ dain Zyklus verstoe léieren

    ✨ Temperathurmethod (NFP) wells kenneléieren

    ✨ eng alternativ Verhütungsmethod zu Hormoner wells hunn

    ✨ dir e Bebe wënschs an domat wells deng fruchtbar Deeg erausfannen

    ✨ firwelzeg bass a wells mei dozou wessen, egal op’s du deng eicht Regel nach net haas oder schon an der Menopause bass

    ✨ selwer Temperaturmethod uwenns a wells Austausch mat aaneren doriwer hunn

    iwer Zoom am Grupp 18€

  • en ganz praktesche Workshop wou's du an dai Partner/Begleedpersoun lauter wierksam Technique mat op de Wee kritt fir d'Gebuert.

    -Akkupressur

    -Entspanungstechniquen

    -Rebozotechniquen

    -Massagen

    zu Bieles an der wonnerschéiner Haerzstiffchen

  • All meng Servicer sinn als 1-1 Couren zu all Moment buchbar

  • Therapeutesch Fraemassage zu Elvange Bieles oder bei dir doheem

    Droberodung bei dir doheem

“Du kanns d’Wellen net stoppen, awer du kanns léieren op hinnen ze surfen”

Jon Kabat-Zinn